De leschte Freidig haat d’Rammericher Gemeng op d’Journée des Récompenses geruff. Bei den ronn 40 Lauréaten déi vum Burgerméeschter Tun Rodesch geéiert goufen wor et och d’Geléënhéet fir den Marc Lanners a senger Funktioun als President vun der Sportskommissioun, ë puer Wuert un di 12 « sportifs méritants » ze riichten. A senger kuerzer Riëd hot den Marc fiir d’alleréischt dem verstuerwenen President vum Päreler Futtball, dem Jean-Paul Baudot senger geduët, éiert en den Sportler fiir hiir Leeschtungen konnt félicitéiëren. A Punkto Verbesserungen oder neien Sportsinfrastrukturen an der Gemeng konnt hien näischt verspriëchen, konnt ower matdeelen, datt verschidde Projets’ën um laafe wieren, et ower nach ze fréih wier fir konkret dorops anzegoën. Zum Schluss huët hien den Sportler ewéi och dem Encadrement vun hinnen alles guddes fir d’Zukunft gewënscht, an d’Hoffnung ausgedreckt, se alleguerten, an ë puer méi, d’nächst Joër nées éiëren ze kënnen.