Rammerich

Eis Memberen am Rammericher Gemengerot

Ee Méindig, 10. Juli 2023, um 18:30 war et esou wäit den neie Gemengerot gouf vun eiser neier Buergermeeschtesch Myriam Binck vereedegt. De Romain Rausch an de Pol Thill wäerten an den nächste 6 Joer d’DP Rammerich an der Gemeng Rammerich vertrieden. Op dëser Platz soe mer awer och dem Michelle Ensch-Brickler Merci fir säin onermiddlechen Asaz wärend de leschte Joren. Fir d’Zukunft vun eiser Gemeng Rammerich setzen sech eis gewielte Gemengeconseilleren an eise Comité weiderhi mat vollem Elan an, fir eng positiv Entwécklung ze erméiglechen. Eis Gemengeconseilleren an eise Comité hunn ëmmer een oppent Ouer fir all d’Bierger, an der Gewëssheet, dass mir zesumme méi staark sinn. Mir soen alle Bierger Merci fir hir Ënnerstëtzung a freeën eis op eng flott Zesummenaarbecht an eiser Gemeng Rammerich!

weiderliesen...

Merci!

D’Gemengewalen 2023 sinn hannert eis. Et waren intensiv a flott Momenter mat eiser Equippe a mat iech Wieler. Iech all ee grousse Merci fir äert Vertrauen. Mir si frou, dass mir weiderhin 2 Sëtz an der Gemeng Rammerich behalen. Elo gëllt et wärend den nächste 6 Joer héichmotivéiert weider am Interêt vum Bierger ze schaffen. Mir wäerten iech och an Zukunft iwwert dës Säit an iwwert eis sozial Medien informéiere wat et Wichteges ze ziele gëtt. 

weiderliesen...

Eis Memberen am Rammericher Gemengerot

Ee Méindig, 10. Juli 2023, um 18:30 war et esou wäit den neie Gemengerot gouf vun eiser neier Buergermeeschtesch Myriam Binck vereedegt. De Romain Rausch an de Pol Thill wäerten an den nächste 6 Joer d’DP Rammerich an der Gemeng Rammerich vertrieden. Op dëser Platz soe mer awer och dem Michelle Ensch-Brickler Merci fir säin onermiddlechen Asaz wärend de leschte Joren. Fir d’Zukunft vun eiser Gemeng Rammerich setzen sech eis gewielte Gemengeconseilleren an eise Comité weiderhi mat vollem Elan an, fir eng positiv Entwécklung ze erméiglechen. Eis Gemengeconseilleren an eise Comité hunn ëmmer een oppent Ouer fir all d’Bierger, an der Gewëssheet, dass mir zesumme méi staark sinn. Mir soen alle Bierger Merci fir hir Ënnerstëtzung a freeën eis op eng flott Zesummenaarbecht an eiser Gemeng Rammerich!

weiderliesen...

Eis Kandidate fir d'Gemengewalen

Eis Memberen am Gemengerot

Eise Comité